Ziel vun dësem Veräin ass et, …

... sportlech Aktivitéiten unzebidden déi vu Leit aus allen Altersgruppe bedriwwe kënne ginn an an éischter Linn der kierperlecher Fitness, dem Ausgläich vum Beweegungsmangel souwéi dem Spaass um Sport déngen. Eis Offer u sportlechen Aktivitéite riicht sech no Sportsdisziplinnen déi generell net „wettkampfméisseg“ bedriwwe ginn. Ganz nom Motto: „Sport, Spaass a Spill fir d’ganz Famill“ déngt onse Fräizäit- an Trendsport virun allem dem Spaass an der Gesondheet, wat eng Leeschtungssteigerung allerdéngs net ausschléisst.