Iwwer eis

De Fräizäit-Sport-Veräin

Compass Sports stellt sech vir:

Compass Sports versteet sech als Sport- a Gesondheetsfërderveräin mam primären Ziel, de gesamte Sport am Grand-Duché ze fërderen an domadder d’Ënnerhalung vun der physescher Gesondheet ze ënnerstëtzen. Genausou sollen awer och d’Sportsveräiner hei zu Lëtzebuerg gefërdert ginn.

Dës Fërderungen ëmfaasst:

  • Betreiung a Fërderung vum Fräizäitsport (dt. Breitensport)
  • Sportaartefërderung
  • Publicitéit beim Fräizäitsportler fir de Sportsveräin
  • Talentfërderung
  • Veräin- a Veranstaltungsfërderung.

Dobäi konzentréiert Compass Sports sech op zwou Zilgruppen: Fräizäitsportler an Veräin- bzw. Leeschtungssportler.

1) Fräizäitsport

De Veräin wäert Fräizäitsportler bei hire sportlechen Aktivitéiten am In- an Ausland ënnerstëtzen. Fir dës Zilgrupp ze erreechen wäert Compass Sports als Organisateur vu sportleche Manifestatiounen, Sportsreesen a Workshopen aktiv ginn. Dëst soll ënnert anerem an Zesummenaarbecht mat kompetenten Trainer aus Sportsveräiner organiséiert ginn a fir jiddwereen zougänglech sinn.

E Fokus läit dobäi op deene Sportaarten, déi hei zu Lëtzebuerg just ënner héijem Opwand ze bedreiwe sinn, wéi zum Beispill: Wantersport, Kite- a Wandsurfen oder och Lafsportaarten wéi d’Participatioun u Marathonen a seng Varianten, fir der nëmmen e puer opzezielen.

Dës Weideren organiséiert Compass Sports speziell Ausbildung- an Trainingseminairen ronderëm d’physesch Gesondheet an hier Fërderung.

Iwwer dës Weeër hunn och di lëtzebuergesch Sportveräiner d’Méiglechkeet am Fräizäitsport fir sech ze werben a potentiell Nowuesstalenter als nei Veräinsportler ze rekrutéieren.

2) Veräin- a Leeschtungssport

Iwwert déi haut üblech Kommunikatiounsreseaue solle méi Jonker fir de Sport begeeschter ginn an esou och den Zouwuess an der Veräiner gefërdert ginn.

Bei der Ënnerstëtzung vum Leeschtungssport gëtt Compass Sports a Kooperatioun vu mindestens engem Sportveräin bzw. Sportfederatioun als Organisateur täteg.

Bei der Ausriichtung vun zum Beispill Beneficeveranstaltungen, Promotiounsveranstaltungen, Sportsreesen fir Leeschtungssportler, Concoursen oder ähnlechen, konzentréiert d’Ënnerstëtzung vu Compass Sports sech op d’Koordinatioun, d’Promotioun a Logistik vum jeeweilegen Event.

Eng wieder wichteg Aufgab als Sport- a Gesondheetsfërderveräin besteet doranner Zieler an d’Interessen vun den heemesche Sportsveräiner a Kooperatioun no baussen ze vertrieden. Dozou soll d’Internetsäit vu Compass Sports zu enger Veräin iwwergräifender Presentatioun- a Kommunikatiounsplattform entwéckelt ginn, fir Informatiounen, Spenden, Reklammen a Sponsoring zielsécher an zielgruppegerächt ze platzéieren.

Gremien / Organer

Gremien vum Veräin sinn:

  1. Verwaltungsrot
  2. Generalversammlung
  3. den Organisatiounscomité vun enger Veräinsaktivitéit

De Verwaltungsrot kann d’Bildung vu weidere Veräinsorganer oder Gremien beschléissen.

Fir méi Informatiounen heiriwwer kënnt Dir och gären d’Veräinsstatuten consultéieren.

Veräinsstatuten

Hei fannt Dir eis Veräinsstatuten (nëmmen a franséischer Sprooch verfügbar).