Sportsthemen


Sport a Gesondheet

Sport a sech kierperlech Betätegen kënnt an eisem haitegen Alldag leider vill ze kuerz. E Groussdeel vun eiser Zäit verbrénge mer am Sëtzen, z.B. am Auto oder op der Aarbecht um Schreifdësch. Mir entscheeden eis éischter fir den Auto ewéi fir de Vëlo a Lifter sou wéi Rolltrapen huelen eis d’Trapegoen of. Do derbäi kënnt nach eng onbewossten Ernärungsweis, déi duerch iwwerall verfügbare Fastfood a Fäerdegprodukter eis nëmme scheinbar den Alldag verséisst.
Regelméisseg kierperlech Aktivitéiten a Sport kënnen hei en Ausgläich am Alldag schafen. Vill Veräiner bidden einfach sportlech Aktivitéiten un, déi den typesche Krankheeten an eiser industrialiséierter Gesellschaft, wéi z.B. Häerzinfarkt, Iwwergewiicht, Diabetis, Réckeproblemer etc. entgéintwierke sollen. Sou beugt e reegelméissegen Training Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge vir a stäerkt gläichzäiteg d’Muskulatur an d’Beweeglechkeet vum Kierper. Sport kann och stressofbauend wierken. Fakt ass, datt eng regelméisseg sportlech Aktivitéit bedeitend zum kierperlechen a geeschtleche Wuelbefanne vum Mënsch bäidréit.

Brevet Sportif National

Dat nationaalt Sportofzeechen, de „Brevet Sportif  National“, ass e Leeschtungstest, deen déi perséinlech Fitness a véier Disziplinnen: Vëlofueren, Liichtathletik, Schwammen an Ausdauer iwwerpréift. Déi geteste Leeschtunge sinn no Altersgruppen (ab 10 Joer) an nom Geschlecht gestaffelt. Et mussen a mindestens enger vu deene véier Disziplinnen d’Mindestufuerderungen erfëllt ginn. Jee no erreechter Gesamtpunktenzuel kann esou de Brevet am Bronz, Sëlwer oder Gold erziel ginn.

Kanner- an Jugendsport

Sport am Kanner- a Jugendalter suergt net nëmmen fir eng gesond kierperlech Entwécklung, mee fërdert och déi kognitiv Stäerkten an d’gesellschaftlech Integratioun. Beim Sport gi Frëndschafte geknäppt, Fairness, Teamfäegkeet, den Ëmgang mam Erfolleg a Mësserfolleg souwéi d’Duerchhaleverméigen a vill aner positiv Charaktereegenschaften erléiert, déi am spéidere Liewe nëtzlech sinn a vun deenen se laang profitéieren. Sport ass also e ganzt wichtegt Element an der Entwécklung vun de kommende Generatiounen, well obwuel un éischter Stell de Spaass an d’Freed un der Beweegung steet, entwéckelen d’Kanner zousätzlech e gutt Kierper- a Gesondheetsbewosstsinn. Dowéinst sollte sportlech Aktivitéite scho vu Kléng op offensiv gefërdert ginn.

Familljesport

Am Veräin Fräizäitsport fir d’ganz Famill unzebidden, bedeit net nëmme fir de Veräin eng gutt Chance fir nei Memberen ze rekrutéieren, mee bitt och der ganzer Famill eng gutt Geleeënheet fir zesumme wäertvoll Zäit mateneen ze verbréngen a gläichzäiteg och nach eppes fir d’Gesondheet ze maachen. D’Ausüben vu ville Sportaarte ka vun de Veräiner esou arrangéiert ginn, datt se vun der ganzer Famill zesumme kënnen ausgeüübt ginn, wéi z.B.

Dobäi gëtt de Familljenzesummenhalt gestäerkt, Elteren, Grousselteren an aner Familljememberen déngen als gutt Virbild, wouvunner d’Kanner am meeschte léieren a ganz niewebäi mëscht och nach jiddwereen eppes Guddes fir seng Gesondheet.

Leeschtungssport

Fräizäitsportler (dt. Breitensportler) sinn déijéineg, di reegelméisseg an hirer Fräizäit Sport bedreiwen awer a kéngem Veräin lizenséiert sinn.

Als Leeschtungssportler ginn déi Sportler bezeechent, deenen hiert Trainingszil et ass, bei Kompetitiounen ganz gutt Resultater ze erzielen. Dofir mussen se am Verglach zu de Fräizäitsportler däitlech méi Zäit an den Training fir hier d’Kompetitiounen investéieren, woubäi eenzeg de sportlechen Erfolleg am Fokus steet.

Bei Héichleeschtungssportler handelt et sech ëm Leeschtungssportler, déi op nationalen an internationale Kompetitiounen hier Beschtleeschtung ervirbréngen. Wann déi finanziell Situatioun et erlaabt, maachen se hire Sport och gären zum Beruff. Zilorientéiert riichten se hiren Training der Qualitéit an der Intensitéit aus.