1. Gefeiert Crëschtwanderung (8.12.18)

Samschdes, den 8. Dezember 2018 organiséiert Compass Sports asbl zesummen mat der Stad Déifferdeng seng éischt geféiert Wanderung.

En éischte Grupp start um 13h30 an en zweeten Grupp um 15h00 beim Pavillon am Parc Gerlache zou Déifferdeng.

D’Startgeld vun 1,50€ bezuelt Dir um Depart a kritt och do ären IVV-Stempel beim Retour, Kanner a Muppen si gratis.

Dir gitt vu Guiden aus dem Veräin en Tour vu ronn 7 km, haaptsächlech duerch d’Natur vun Déifferdeng, gefouert. Mir hunn e Wee erausgesicht, den fir Grouss & Kleng oder och mat Kutsch & Hond gutt ze bewältegen ass. Ënnerwee ass fir eng kleng Rascht mat Méiglechkeeten sech e bëssen ze stäerken gesuergt.

Méi Detailer zum Wee fannt dir op Geoportail.lu (http://g-o.lu/3/V015)

No der Wanderung kann een den Dag gemitterlech um Chrëschtmaart ausklénge loossen.